De Pensiounssystem besteet aus verschiddene sougenannte Pilieren.

Mam éischte Pilier ass déi obligatoresch gesetzlech Pensiounsversécherung gemengt.

Mam zweete Pilier sinn déi betriblech Zousazpensioune gemengt, déi e Patron fir seng Mataarbechter ka maachen.

Den drëtte Pilier sinn déi privat Zousazpensiounen, d’Produits Prévoyance-Viellesse, déi een individuell vun enger Bank oder enger Assurance keeft.

Eng vun den Iddien, déi d’Sozialversécherungsministerin Martine Deprez (CSV) am Virfeld vun der Debatt iwwert d’Pensiounen dësen Hierscht opgeworf huet, ass datt den zweeten an den drëtte Pilier eng méi grouss Roll solle spillen.

Dat géing heeschen, datt d’Pensiounen aus dem gesetzleche System, dem éischte Pilier, net méi esou generéis solle sinn an d’Leit sech zousätzlech privat verséchere sollten iwwert den zweeten an den drëtte Pilier, fir herno hir gesetzlech Pensioun opzebesseren. Wa se dat maachen, kéinte se dat méiglecherweis nach méi vun de Steieren ofsetzen, wéi bis elo schonn.

(Kuckt och: Zweete Pilier, Drëtte Pilier, Déchet fiscal)