Preretraite
D’Preretraite ass manner eng Pensioun, wéi en Instrument, fir de Chômage ze bekämpfen. D’Preretraite, déi verschidde Beschäftegt vu 57 Joer u kréien, gëtt et och just iwwergangsweis, bis datt een eng richteg Alterspensioun kritt.
D’Preretraite gouf am Kader vun der Stolkris an de Stoltripartitte vill agesat, fir de Personalbestand erofzesetzen andeems een Arbed- a spéider Arcelor-Mataarbechter iwwer dëse Wee an d’Pensioun geschéckt huet. Am Géigenzuch dofir huet de Stolproduzent da keng Kuerzaarbecht gefrot.
Haut gëtt et nach Preretraite fir Schicht- a Nuetsaarbecht, d’Preretraite-Ajustement fir d’Mataarbechter vu Betriber a Schwieregkeeten, an d’Preretraite progressive, wann aus engem Vollzäitposten eng reduzéiert Tâche gemaach gëtt an nei Mataarbechter amplaz rekrutéiert ginn.
Si ass also net mat der Fréipensioun, der Pension vieillesse anticipée ze verwiesselen, déi och vu 57 Joer u méiglech ass.