D’Prime de répartition pure beschreift, a Prozent ausgedréckt, d’Verhältnis tëscht de lafenden Ausgabe vun der Pensiounskeess  - also deem, wat d’Pensiounen an aner lafend Ausgaben am Régime général aktuell kaschten – an der Masse salariale, op déi aktuell cotiséiert gëtt, also de Paie vun de Beschäftegten am Régime général – bis zum Cotisatiounsplaffong.

D’Prime de répartition pure ass e wichtegen Indicateur, well zanter der Pensiounsreform vun 2012 am Gesetz virgesinn ass, datt d’Pensiounen net méi voll reajustéiert ginn, wann d’Prime de répartition pure iwwert den aktuelle globale Cotisatiounstaux, also 24%, klëmmt.