De Reajustement ass nieft der Revaloriséierung eng vun den zwou Manéieren, wéi d’Pensiounen opgewäert ginn – nieft der Indexéierung, fir de Kafkraaftverloscht duerch d’Inflatioun ze kompenséieren. Duerch de Reajustement ginn d’Pensiounen un déi allgemeng Entwécklung vun de Léin um Aarbechtsmarché ugepasst. Wann d’Léin um Aarbechtsmarché klammen, klammen also och d’Pensiounen.

Zanter der Pensiounsreform vun 2012 ass virgesinn, datt de Reajustement vun der finanzieller Situatioun vum Pensiounssystem ofhänkt. Am Gesetz ass en Declencheur agebaut. Wann d’Prime de répartition pure de globale Cotisatiounstaux iwwerschreit, da kënnen d’Pensiounen héchstens nach un d’Hallschent vun der Progressioun vun de Léin um Aarbechtsmarché ugepasst ginn (zu wéi vill Prozent genee, dat nennt een de Modérateur vum Reajustement). Dëst wier de Projektioune vun der IGSS no, an dräi Joer, also 2027 de Fall.
(Kuckt och: Cotisatiounen; Prime de répartition pure)

D’Patronatsvertrieder am Wirtschafts- a Sozialrot plaidéieren dofir, de Reajustement direkt anzefréieren, net eréischt beim Declencheur, deen am Gesetz virgesinn ass, fir d’Ausgabe vum Pensiounssystem erofzesetzen.
D’Gewerkschaftsvertrieder sinn dofir, datt de Reajustement vun deem Declencheur lassgeléist gëtt an d’Pensiounen ëmmer reajustéiert ginn, well d’Pensionäre soss riskéiere géifen, vill Suen ze verléieren.