Rentendësch
Um Rentendësch koumen 2001 Regierung, Patronat a Gewerkschafte beieneen an hunn op Basis vun enger Etüd vum Bureau international de travail (BIT) iwwert de Pensiounssystem diskutéiert. Dobäi koum eraus, datt wann déi Lëtzebuerger Wirtschaft mat véier Prozent d’Joer wiisst, an dës Croissance um Aarbechtsmaart mat Frontaliere ka gedroe ginn, de Pensiounssystem bis 2050 zolidd ass.
Um Ënn koum dobäi eng Augmentatioun vun de forfaitaire Majoratiounen ëm 11,9 Prozent eraus, eng Augmentatioun vun de proportionelle Majoratiounen ëm 3,9 Prozent, eng Allocation de fin d’année, an d’Mammerent goufen agefouert.
Am Resumé: D’Pensiounen am Régime général goungen e gudde Krack an d’Luucht.
Am meeschte gelies