Rentemauer
De fréieren CSV-Premier Jean-Claude Juncker huet 1997 a senger Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber eng éischte Kéiere virun der Rentemauer gewarnt a gesot, 2015 géif ee mat "Karacho" an déi Mauer rennen. Dat op Basis vun de Berechnungen vun der Inspection générale de la Sécurité sociale (IGSS), déi virausgesot huet, datt 2015 39 Prozent vun der Lounmass am Privatsecteur géife gebraucht ginn, fir d’Pensiounen ze bezuelen (herno waren et der a Wierklechkeet ronn 22 Prozent) an 49 Prozent beim Staat. An dat esouguer, wann d’Wirtschaft weider géing wuessen a bis dohi 50.000 nei Aarbechtsplaze géinge geschafe ginn.
Zanterhier gëtt de Begrëff vun der Rentemauer vill benotzt, woubäi net jiddereen dat nämmlecht domat mengt.
Verschiddener verstinn dorënner dee Moment, an deem d’Prime de répartition pure iwwert den Taux vun de Cotisatioune klëmmt. Anerer dee Moment, wann déi lafend Ausgaben iwwert déi lafend Recettë klammen, wann d’Rentereserve ënnert de gesetzleche Minimum fält, oder wann d’Rentereserve eidel ass.
Wéini dat eent oder dat anert antrëtt, doriwwer mécht d’IGSS a reegelméissegen Ofstänn Projektiounen. Dobäi weess si am Prinzip, wéi vill Urechter d’Leit am System sech souzesoen ugespuert hunn, a wéini se warscheinlech dovu Gebrauch wëlle maachen, also an d'Pensioun ginn. D’Inconnu an deem Ganzen ass awer, wéi sech d’Ekonomie entwéckelt a wéi vill nei Aarbechtsplaze geschafe ginn, wouduerch nei Leit an de System cotiséieren. Op deem Punkt ginn Hypotheesen opgestallt. Déi waren an der Vergaangenheet bis ewell méi virsiichteg oder pessimistesch, wéi déi reell Entwécklung, déi dann agetratt ass. Dowéinst ass «d’Rentemauer» ëmmer nees no hanne geréckelt.
D’Gewerkschaften argumentéieren op Grond vun där Erfarung och, datt een iwwer esou laang Zäitraim keng fiabel Projektioune ka maachen – déi aktuell kucke bis an d’Joer 2070. Dofir kéint een dës och net als Basis huelen, fir d’Pensioune vun de Leit ze kierzen.
(Kuckt och: Prime de répartition pure, Rentereserve)