Rentereserve

Zanter Joerzéngten gëtt et en Iwwerschoss am Régime général, dat heescht d’Recetten aus de Cotisatioune si méi héich wéi d’Ausgaben. Doduerch ass eng Reserve entstanen, déi vum Kompensatiounsfong geréiert gëtt. Dës Reserve muss mindestens 1,5 Mol esou héich sinn, wéi d’Jorespensiounsausgabe vun der Pensiounskeess, der CNAP. Well d’Ausgabe fir d’Pensioune klammen, ass an deene leeschte puer Joer den Niveau vun der Reserve am Verhältnis zu deenen Ausgaben nees zréckgaangen. An dat obwuel d’Reserve an absolutten Zuele bis d’lescht Joer op iwwer 27 Milliarden Euro geklommen ass.
De Projektiounen aus dem Bilan vun der IGSS vun 2022 no klëmmt d’Rentereserve an absolutten Zuele bis 2032, wärend se a relativen Termen elo schonns zréckgeet. 2041 géif d’Reserve dann ënnert de Seuil légal falen an 2047 wier d’Reserve eidel.
Dës Projektioune berouen op der Suppositioun, datt déi aktiv Populatioun bis 2070 an der Moyenne ëm 0,6 Prozent d’Joer wiisst, also weider méi Leit zu Lëtzebuerg schaffen. Ma wéi sech d’Ekonomie an den Aarbechtsmaart tatsächlech entwéckelen, weess een eben net. An der Vergaangenheet war déi reell Entwécklung ëmmer besser ewéi d’Projektiounen.
D’Reserve vum Régime général gëtt vum Kompensatiounsfong geréiert. Deen huet dowéinst 2007 en eegenen Investitiounsfong gegrënnt, d’Sicav (Société d’investissement à capital variable) vum Kompensatiounsfong, fir en Deel vun der Reserve op de Finanzmarchéen z’investéieren.

(Kuckt och: Sicav)