De Régime général ass de Pensiounsregimm fir d’Leit, déi am Privatsecteur schaffen a fir d’Salariéen aus dem ëffentlechen Secteur. Dat am Géigesaz zu de Spezialregimmer, ënner déi d’Beamten an Employéen aus dem ëffentleche Secteur falen.

Déi zoustänneg Pensiounskeess fir de Régime général ass d’CNAP, déi aus der Fusioun vu verschiddene sektorielle Keesen entstanen ass, no der Aféierung vum Statut unique fir Aarbechter an Employéen. Zanterhier gëtt keen Ënnerscheed méi tëscht Privatemployéen, Aarbechter an Independanten gemaach, wat d’Leeschtunge vun der Sozialversécherung ugeet.

De Régime général berout op engem Ëmlageverfaren, wou also déi aktiv Leit, déi am Beruff sinn, d’Pensioune vun deene finanzéieren, déi a Pensioun sinn. Dat geschitt iwwert d’Cotisatiounen, déi op den aktive Leit hire Paien opgehuewen an abezuelt ginn. Am Régime général gëtt et e Cotisatiounsplaffong vu fënnef Mol de Mindestloun.

D’Pensiouneen am Régime général bestinn aus dräi Haaptkomponenten: Dem forfaitairen Deel, dem proportionellen Deel an der Allocation de fin d’année.

Wann driwwer rieds geet, datt de Pensiounssystem net méi soutenabel ass, an iwwert verschidden Datume geschwat gëtt, wéini dat esou ass, dann ass domat de Régime général gemengt, well fir de Spezialregimm fir d’Mataarbechter vum Staat gi keng separat Projektioune verëffentlecht.

RTL

(Kuckt och: CNAP, Cotisatiounen, Cotisatiounsplaffong, Zesummesetzung vun de Pensiounen)