D’Pensioune vun de Beamten an Employéen am ëffentlechen Déngscht – also vum Staat, de Gemengen an der CFL, sinn iwwert zwee Spezialregimmer gereegelt.

"Spezial" si se am Géigesaz zum "generelle" Regimm fir d’Beschäftegt aus dem Privatsecteur an d’Salariéen aus dem ëffentleche Secteur. Well och d’Salariéen vum ëffentleche Secteur am Régime général sinn, ass et also net ganz richteg, wann ee “Staat” mat Spezialregimm gläichsetzt an Privatsecteur mat Régime général, mee dat gëtt awer oft an der Pensiounsdiskussioun esou gebraucht.

Déi zwee Spezialregimmer sinn: De Régime spécial an de Régime spécial transitoire. 1999 gouf et nämlech eng grouss Reform bei de Pensioune vun den Beamten an Employéen. Si hunn dowéinst 1998 esouguer gestreikt. Dës Reform huet eben de Régime spécial agefouert, fir déijéineg, déi no 1998 ugefaangen hu mat schaffen. Am Régime spécial ass d’Renteformel, de Berechnungsmodus fir d’Héischt vun de Pensiounen, den Opbau vun de Pensiounen an d’Konditiounen, wéini een eng Pensioun zegutt huet, identesch mat deenen am Régime général. Et gëtt also e forfaitairen Deel, deen op der Karriär berout, an e proportionellen Deel, dee vun der Pai ofhänkt.

Virun dëser Reform gouf et am ëffentlechen Déngscht sougenannte fënnef Sechstel Pensiounen. Dat heescht, d’Pensioun gouf op Basis vum Endgehalt vun der aktiver Karriär gerechent. Et krut een eng Pensioun, déi sech op fënnef Sechstel vun der leschter Pai belaf huet, an dat ass normalerweis déi déckste Pai. Dëst huet dozou gefouert, datt d’Pensiounen am ëffentlechen Déngscht e gudde Krack méi héich waren, wéi déi am Privatsecteur. Fir déi Leit, déi virun 1999 ugefaangen hunn, beim Staat, de Gemengen oder der CFL ze schaffen, an déi also scho Pensiounsuspréch haten, gouf bei der Reform en Iwwergangsregimm geschaf, de Régime spécial transitoire.
 
Am dësem Iwwergangsregime gëtt d’Pensioun zwar ëmmer nach op Basis vum Endgehalt gerechent, mee den Taux de remplacement hänkt individuell dovun of, wéi vill Pensiounsrechter ee schonn hat, wéi d’Reform a Kraaft getrueden ass. Wann den Iwwergangsregimm "fäerdeg" ass, kënnt ee mat enger kompletter Karriär op en Taux de remplacement vun 72 Prozent – also däitlech manner ewéi fënnef Sechstel. Allerdéngs kënnen d’Beamten an Employéen am Iwwergangsregimm hiren Taux de remplacement an d’Luucht schrauwen, andeems se iwwert de Pensiounsalter eraus schaffe ginn. Si kréie fir all zousätzlecht Joer 2,31 Prozent dobäi, bis zum Maximum vu fënnef Sechstel vum Endgehalt.
 
Datt de Régime spécial eréischt fir déi Leit gräift, déi no 1998 am ëffentlechen Déngscht ugefaangen hunn, erkläert, firwat iwwert e Véierel vun den aktuell pensionéierte Staatsbeamten an -Employéen eng Pensioun vun iwwer 8.500 de Mount kréien (Am Régime général sinn et just 0,04 Prozent an där Tranche): Déi Leit ginn eréischt an deene kommende Joren no a no a Pensioun. Eréischt da wäerten d’Pensioune "beim Staat" sech deene vum "Privatsecteur" méi no kommen, well dann och déi Pensiounen op d’Akommes vun der ganzer Karriär berechent ginn a net op der leschter Pai.

Vun de Pensioune beim Staat, déi aktuell ausbezuelt ginn, ginn eréischt sechs Prozent no dee Reegele vum Spezialregimm berechent. Ma wann d’Paie beim Staat och an Zukunft besser si wéi am Privatsecteur, da wäerten och an Zukunft de Beamten hir Pensioune besser sinn, well se dann iwwert hir ganz Karriär gekuckt méi verdéngen, also och méi kotiséieren a méi Pensiounsrechter uspueren.
 
Obwuel de Spezialregimm iwwert en anert Gesetz gereegelt ass, wéi de Régime général, sinn awer bei deene leschte Reformen déi zwee Regimmer d’selwecht adaptéiert ginn. Sou war dat beispillsweis bei der Rentereform vun 2012, wou et Pensiounskierzungen a béide Regimmer gouf.

Et gëtt awer nach zwee grouss Ënnerscheeder tëscht dem generellen an dem spezielle Regime, déi mam Finanzement ze dinn ze hunn.

Éischtens ginn d’Pensiounen aus dem ëffentleche Secteur direkt aus dem Staatsbudget bezuelt. Zwar bezuelen och d’Beschäftegt aus dem ëffentlechen Déngscht aacht Prozent Cotisatiounen op hire Paien fir d’Pensiounen. Mee de Staat als Patron an drëtte Contributeur, leet keng spezifesch Cotisatiounen op deene Paien op d’Säit. Vill méi mécht en am Staatsbudget eng Dotatioun an de Fonds de pension, fir all Joer d’Ausgabe vun den aktuelle Pensiounen ze decken.

Zweetens gëtt et am ëffentlechen Déngscht kee Cotisatiounsplaffong wéi am Privatsecteur. Dat heescht, déi aacht Prozent Cotisatiounen, déi d’Beschäftegt bezuelen, ginn op déi ganz Pai applizéiert, och wa se méi héich ass wéi fënnef Mol de Mindestloun. Doduerch entsti fir déijéineg mat esou héijen Akommes, Pensiounsuspréch, déi am Privatsecteur net méiglech sinn.

Fir dat e bëssen an de Kontext ze setzen: Fënnef Mol de Mindestloun, dat wier aktuell eng Pai vun 12.854,65 Euro. Dorop kënnt ee beim Staat an der Karriär A1 am Grade 16 no 20 Joer. Dat bedeit, datt fir déi individuell Beamten/innen, den Zäitraum, wärend deem de Plaffong iwwerschratt gëtt, an d’Zomm déi driwwer läit, limitéiert sinn. Dofir ass och den Effet op d'Héicht vun den individuelle Pensioune limitéiert. Insgesamt op de System gekuckt, ass et awer esou, datt bal en Drëttel vun de Beamten an där Karriär ass.

RTL

(Kuckt och: Zesummesetzung vun der Pensioun)