Revaloriséierung
D’Revaloriséierung ass nieft der Indexatioun an dem Ajustement eng vun den dräi Manéieren, wéi d’Pensiounen opgewäert ginn, also un d’Entwécklung vun de Präisser respektiv de Léin um Aarbechtsmaart ugepasst ginn.
D’Revaloriséierung spillt zu deem Moment, wou een an d’Pensioun geet. Dofir ginn d’Pensioune mat engem festgeluechte Revaloriséierungsfacteur multiplizéiert. D’Revaloriséierung geschitt also ee mol, um Ufank vun der Pensioun, wärend de Reajustement ëmmer nees am Laf vun der Pensioun gemaach gëtt an d'Indexe wéi bei de Paien declenchéiert ginn, wann d’Präisser am Wuerekuerf iwwert de festgeluechte Seuil klammen.
Am meeschte gelies