Sicav
De Kompensatiounsfong investéiert d’Rentereserve, déi duerch d’Iwwerschëss an deene vergaangene Joren entstanen ass. Dofir gouf e spezifeschen Investmentfong opgestallt, deen déi juristesch Form vun enger Sicav huet, enger Société d’investissement à capital varibale.
Fir d’Rentereserve z’investéiere gëtt eng Strategie, fir d’Risiken ze verdeelen an e maartkonforme Rendement ze kréien. Ma dës Strategie huet an deene leschte Joren och ëmmer nees zu Polemike gefouert, zum Beispill, doriwwer ob Suen aus der Lëtzebuerger Rentereserve a Firmen investéiert goufen, déi Streebommen, respektiv iwwerhaapt Waffe produzéieren oder dem Klima schueden.
Fir d’Suen z’investéieren, ginn Ausschreiwunge gemaach, un deene sech d’Spezialisten aus dem Finanzsecteur bedeelegen, déi da gewëssen Zommen iwwert e gewëssen Zäitraum geréieren, a se a verschidden Zorte Wäertpabeieren investéieren.
Zanter datt d’Sicav 2007 lancéiert gouf, huet si an der Moyenne e Rendement vu 4,83 Prozent erreecht an domat 10,93 Milliarden Euro dobäi verdéngt. Ma 2022 war zum Beispill kee gutt Joer op de Bourse, do war de Rendement vun der Sicav negativ.