Taux de majoration
D’Pensioune bestinn engersäits aus engem forfaitairen Deel, anerersäits aus engem proportionellen Deel. Fir dës Parten ze berechnen, gi Majoratiounstauxe benotzt. Dës sinn an der Pensiounsdebatt wichteg, well sech duerch d’Ännerung vun dësen Tauxen, strukturell Verbesserunge vun de Pensiounen ëmsetze loossen, oder strukturell Verschlechterungen, also kuerz: D’Pensioune gekierzt oder gehéicht ginn.
Bei der Reform vun 2012 goufen d’Pensioune fir d’Zukunft iwwert de Wee vun de Majoratiounstauxe gekierzt. Duerch dës Ännerunge geet den Taux de remplacement fir déi Leit, déi an Zukunft a Pensioun ginn, bis 2052 all Joer e klenge Krack erof.
D’Patronat proposéiert a sengem Avis fir de Wirtschafts- a Sozialrot (CES) de Majoratiounstaux um proportionellen Deel vun der Pensioun méi séier a méi wäit ze reduzéieren, fir d’Depensë vum System souzesoen op Käschte vun deenen "décke" Pensiounen ze kierzen.
(Kuckt och: Rentereform 2012, Majorations fofaitaires, Majorations proportionelles)