Ob Lëtzebuerg eng verstoppte Schold huet oder net, doriwwer ginn d’Meenunge wäit auserneen. Mat der verstoppter Schold ginn am Fong déi kumuléiert Pensiounsuspréch vun deene Leit gemengt, déi an de System abezuelen an abezuelt hunn. Wann ee bedenkt, datt am Regime général fir bal 7 Milliarden Euro d’Joer Pensiounen ausbezuelt ginn an 1,6 Milliarden am ëffentleche Secteur, an datt et ëmmer méi Pensionäre wäerte ginn, eleng doduerch, datt d’Leit méi laang liewen.

Da kommen natierlech schwindelerreegend Zuele beieneen. Meeschtens gëtt déi sougenannte verstoppte Schold a Prozent vum PIB ausgedréckt. Sou geet den Ageing Working Group vun der EU, also d’Pensiounsexperten, a sengem leschte Rapport dovun aus, datt déi ëffentlech Ausgabe fir d’Pensiounen zu Lëtzebuerg vun 9,2 Prozent vum PIB am Joer 2022 op 17,5 vum PIB am Joer 2070 klammen, an den Defizit vum ëffentleche Pensiounssystem da bei aacht Prozent vum PIB läit.

Déi grouss Polemik ëm déi verstoppte Schold goung awer 2012 richteg lass, well dat däitscht Institut Stiftung Marktforschung berechent hat, déi verstoppte Schold vum Lëtzebuerger Staat géing wéinst de Pensiounsuspréch bei 1162 Prozent vum PIB leien. Kuriéiserweis huet déi nämmlecht Stiftung Marktwirtschaft 2022 déi verstoppte Schold op "just nach" 495 Prozent vum PIB geschat. Si wier also réckleefeg obwuel d’Zuel vun de Pensionären an d’aktiv Populatioun, déi Pensiounsuspréch sammelt, ëmmer méi grouss gëtt.

Dës verstoppte Schold ass an der Vergaangenheet als Argument dofir geholl ginn, datt d’Leeschtungen, also d’Pensioune misste gekierzt ginn. Vu Patronatssäit mee och an der Politik. D’Gewerkschafte weisen iwwerdeems ëmmer nees drop hin, datt dëst e falscht Argument wier, souzesoen en Denkfeeler, well et an Ëmlagesystem keng Schold géif. An esou engem System wieren déi lafen Einnamen ëmmer nëmmen do, fir déi lafend Ausgaben ze decken. Net déi vun der Zukunft wéi dat an engem Kapitaliséierungssystem de Fall ass, a wou jiddereen op seng eege Pensioun spuert.