Wann de Mann, d’Fra oder ee vun de Partner respektiv Partnerinnen an engem Pacs stierft, dann huet déi aner Persoun, mat e puer Ausnamen, Urecht op eng sougenannte Pension de Survie, sief et fir eng Alters-, oder fir eng Invaliderent. Dës Witwerent ass just net esou héich, wéi déi Pensioun, déi d’Persoun selwer ze gutt hat oder gehat hätt, well just dräi Véierels vun de proportionelle Majoratiounen ugerechent ginn.

Dee gréissten Deel vun de Witwerenten geet u Fraen.