D’Debatt dorëms, wéi vill Wirtschaftswuesstem Lëtzebuerg op där enger Säit brauch an op där anerer Säit verdréit, gëtt a reegelméissegen Ofstänn ëmmer nees gefouert. Meeschtens viru Walen oder eben am Kader vun Diskussiounen ëm de Pensiounssystem. Dat kënnt dohier, datt de Pensiounssystem mat engem "Ëmlageverfahren" funktionéiert, wou déi aktiv Bevëlkerung d’Rente vun de Pensionären a Pensionärinne mat hire Cotisatiounen oder Beiträg finanzéieren. Wat also méi Pensionären do sinn, wat méi eng grouss aktiv Populatioun gebraucht gëtt, wann de finanziellen Drock op de System net soll zouhuelen. Dat heescht, wat méi Pensionären do sinn, wat méi Leit gebraucht ginn, déi schaffen. Dofir mussen awer nei Aarbechtsplaze geschafe ginn, den Aarbechtsmaart muss also wuessen, a fir datt dat de Fall ass, muss d’Wirtschaft wuessen – soss entsti keng nei Plazen.

Viru Jore gouf estiméiert, datt d’Wirtschaft all Joer ëm dräi bis véier Prozent misst wuessen, fir datt de Pensiounssystem am Equiliber bleift. Dofir schwätze verschidden Acteuren dovun, datt Lëtzebuerg zum Wuesstem condamnéiert wier. Dat well dee Wuesstem och negativ Konsequenzen huet. Zum Beispill méi Trafic op de Stroossen, dee ville Leit net gefält. Méi Leit aus dem Ausland, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen a wa se net pendelen och hei eng Wunneng sichen. Dat féiert dozou, datt d’Demande no Wunnengen an d’Immobiliëpräisser an d’Luucht ginn, wat och vill Leit ze spiere kréien.

Ma deemno wéi eng Zäitraim ee vergläicht, da gesäit et esou aus, wéi wann déi Lëtzebuerger Wirtschaft an deene leschte Joren net méi esou staark gewuess wier, wéi an de vergaangene Joerzéngten. An zweetens ass Croissance duerch déi ëmmer méi grouss Digitaliséierung vun alle Beräicher net méi onbedéngt gläichbedeitend mat der Schafung vun neien Aarbechtsplazen. D’Gewerkschafte plaidéieren dofir an hirem Avis fir de Wirtschafts- a Sozialrot dofir, nei Recettë fir de Pensiounssystem z’iwwerleeën. Zum Beispill nei Steieren.