D’Pensioun besteet aus dräi Haaptelementer:

1.   Dem forfaitairen Deel. Dobäi spillt de Revenu keng Roll, mee wéi laang ee geschafft huet. 
2.   Dem proportionellen Deel. Deen ass individuell an doduerch beaflosst, wéi vill ee verdéngt a cotiséiert huet. 
3.   D’Allocation de fin d’année, déi op Basis vun de Jore gerechent gëtt, fir déi en oder eng Assuré/e cotiséiert huet.

Fir ze berechnen, wéi héich jeeweils de forfaitairen an de proportionellen Deel vun der Pensioun sinn, gi Majoratiounstauxen agesat. Déi aktuell goufen duerch d’Rentereform vun 2012 fixéiert a si evoluéieren. Duerch déi Reform gouf de forfaitairen Deel vun der Pensioun (deen Deel, deen net vun der Héicht vun der Pai ofhänkt) am Verglach mam proportionellen Deel gestäerkt. Dofir geet de Majoratiounstaux um forfaitairen Deel bis d’Joer 2052 progressiv erop. An de Majoratiounstaux um proportionellen Deel geet bis dohi progressiv erof. Woubäi alleguer d’Pensiounen duerch déi Reform erofginn.

An der Reform vun 2012 gouf och virgesinn, datt wie fräiwëlleg méi laang schaffe geet, doduerch de Majoratiounstaux vum proportionellen Deel vun der Pensioun an doduerch d’Pensioun am Ganzen héicht. Dës Dispositioun soll un Ureiz schafen, fir méi laang schaffen ze goen  - also bis zum legale Pensiounsalter vu 65 Joer. Deen deemolege Sozialversécherungsminister, de Mars di Bartolomeo (LSAP), huet dat deemools "Pension à la carte" genannt.