Mam zweete Pilier sinn déi betriblech Zousazpensiounsversécherunge gemengt. An deem Fall bitt de Patron senge Mataarbechter eng Zousazpensioun als Complement nieft senger Pai. De Patron mécht e Gruppevertrag mat enger Assurancëgesellschaft, déi dëse Pensiounsplang geréiert. Maximal dierf de Patron den Equivalent vun 20 Prozent vun der Pai an esou e Plang abezuelen. Dës Cotisatioune gi besteiert, wat och à charge vum Patron geet.

De Plang leeft bis d’Pensioun, an déi ugespuerte Rechter, déi sougenannten droits acquis kann een no dräi Joer mathuelen, wann een de Patron wiesselt.

Dat ugespuerte Kapital kann ee sech herno entweder op ee Coup alles zesummen ausbezuele loossen oder als Rent op de Mount.

Dës Pläng fir betriblech Zousazpensioune gi vun der Inspection générale de la sécurité sociale (IGSS) kontrolléiert. Enn 2022 gouf et zu Lëtzebuerg 2.861 Entreprisen, déi hire Mataarbechter esou eng Zousazpensioun ugebueden hunn an hir Zuel geet zeréck.

Der IGSS no louchen déi mathematesch Reserve vun de betriblechen Zousazpensiounen 2022 bei 1,8 Milliarden Euro, déi sech op 83.035 Verséchert opgedeelt hunn.

(Cahier statistique, Les régimes complémentaires de pension, 2024)