
Dës ze verhalen, ouni ëmmer dat selwecht ze benotzen, fält ville schwéier. Mee op wat muss een iwwerhaapt oppassen? Wéi gesäit ee séchert Passwuert aus? A ginn et Tricker fir dës besser ze verhalen?
Wéi gesäit ee séchert Passwuert aus?
Ee séchert Passwuert…
Et sollt ee
Schrëtt 1: Fir d’éischt sicht ee sech iergendee Saz, deen einfach ze verhalen ass.
Schrëtt 2: Dann hëlt een d’Ufanksbuschtawe vun dësem Saz, benotzt grouss a kleng Buschtawen an ersetzt verschidde Buschtawen duerch Zuelen an Zeechen. Fir net ëmmer dat selwecht Passwuert ze benotzen, kann een och probéieren, den Numm vun der App anzebauen.
Alternativ: Eng aner Méiglechkeet ass et, ee komplette Saz an net nëmmen d’Ufanksbuschtawen dovun als Passwuert ze benotzen.
Eng Méiglechkeet wier et beispillsweis ee Passwuertmanager wéi bspw. „Keepass“ ze benotzen. Op dësem Programm deen dir op ärem Computer installéiert, kënnt dir är Passwierder op eng sécher Aart a Weis späicheren.