
Eng sougenannte Starship-Rakéit vun der privater US-Raumfaartentreprise SpaceX ass fir eng éischte Kéier fir e Fluch op enger Äerdëmlafbunn gestart. Déi grouss Rakéit ass e Méindeg vun der Weltraumgare "Starbase" am Texas gestart. Bei de leschten 13 Testflich war d'Rakéit dem SpaceX-Chef Elon Musk no ëmmer méi no nach un der Äerd geflunn, wéi et dës Kéier geplangt ass.
SpaceX schwätzt offiziell vun enger "opreegender neier Phas" an der Entwécklung vu Starship. D'Rakéit soll 26 Satellitten vum Netzwierk Starlink am Orbit aussetzen. Eng Partie Starship-Tester sinn an der Vergaangenheet mat spektakulären Explosiounen op en Enn gaangen.
Dës Rakéit spillt eng wichteg Roll bei de Weltraum-Pläng vu SpaceX an der US-Agence Nasa, déi jo nees Astronauten op de Mound brénge wëll. Zil ass eng Moundlandung virum Enn vum Joer 2028, wat nach wärend der Amtszeit vum US-President Donald Trump wier.