En neie Super-Computer fir d'KI gëtt gebautLuxConnect feiert 20 Joer, eng Success Story mat grousse Pläng fir d'Zukunft

Jeannot Ries
20 Joer sinn et hier, datt d'Regierung d'Entscheedung geholl huet, selwer an en Datenzenter, respektiv a Glasfaser z'investéieren. Haut steet fest, de Projet LuxConnect gouf zu enger Success Story. Op technologeschem Plang, an awer och kommerziell.
20 Joer LuxConnect
Bewosst setze si op technologesche Fortschrëtt, kombinéiert mat enger maximaler, operationeller Sécherheet, fir d'Donnéeë vun de Clienten optimal ze schützen.

D'Nofro u "sécheren Hoteller fir Daten", wéi de Generaldirekter Paul Konsbrück d'Datenzenter selwer beschreift, wäert an Zukunft exponentiell eropgoen.

"Mir sinn en Operateur, deen engem Client eng Plaz gëtt, wou e ka mat senge Serveren, mat sengen Donnéeën, mat senge Computere bei eis hebergéiert ginn. Mir hu keen Accès op déi Donnéeën, mir hu keen Accès op de Computer a mir sinn och net forcement drun interesséiert, wat genau do geschitt op de Plattformen, déi bei eis hebergéiert ginn. Dat heescht, mir stellen eng Infrastruktur zur Verfügung, mir kucken, dass déi sécher ass, dass se gekillt ass, dass se securiséiert ass och vu baussen", esou de Generaldirekter Paul Konsbrück.

D'Nofro un Datenzenter wiisst weltwäit, exponentiell

Well ons Gesellschaft, ons Wirtschaft ëmmer méi digital ginn, gi gigantesch Quantitéiten un Date generéiert an déi mussen och verschafft ginn. De Paul Konsbrück gëtt ze bedenken, datt an Amerika e Véierel vun den Investitiounen aus der Wirtschaft an Datenzenter geet, an Datenzenter-Technologie an och an d'Bauen. De Stroumverbrauch wier amgaangen ze explodéieren. Datenzentere géifen haut op der Welt esou vill Stroum verbrauchen, wéi e ganzt Land, wéi Däitschland zum Beispill.

Och hei zu Lëtzebuerg wäert een net derlaanscht kommen, a weider Datenzenter ze investéieren, esou den Direkter vu LuxConnect weider. Dat op engem Moment wou d'Technologie evoluéiert.

Iwwerdeems d'Effizienz an d'Luucht geet, geet och d'Nofro u Rechecapacitéiten exponentiell erop. Do war Lëtzebuerg e Visionär. Mat dem MeluXina, dem eenzege Supercomputer an Europa, deen an engem gesécherten Datenzenter steet. An den nächste Projet gëtt scho virbereet.

"De Supercomputer AI, wou elo schonn e ganz grousse Besoin besteet vun den Entreprisen, fir dee kënnen ze benotzen. An och de MeluXina Q, also Quantum Technologie och do, dass mer zu Lëtzebuerg och prett sinn, fir kënne weiderzefueren an der Innovatioun, dass mer prett sinn, fir eis Entreprisë kënnen ze ënnerstëtzen", esou de Wirtschaftsminister Lex Delles, dee sech d’Installatioune vum LuxConnect Datenzenter zu Biissen ugekuckt huet.

D'Datenzenter verbrauche grouss Quantitéiten un Energie

D'Systemer musse gekillt ginn. De Wirtschaftsminister konnt sech déi allerneist Generatioun u Grafikkaarten ukucken, wéi se an de Supercomputer AI komme wäerten. Wou wuertwiertlech Waasser iwwer d'Platinne leeft, fir ze killen.

De Paul Konsbrück erkläert: "Et ass net esou, dass den Impakt dovunner op d'Ëmwelt e weesentlech anere wier. Dat Waasser, wat do benotzt gëtt, fir ze killen, gëtt recuperéiert. Dat heescht, et fonctionéiert net vill aneschters ewéi e Frigo, wou dat Waasser erëm erofgekillt gëtt an dann erëm dat selwecht Waasser an de Circuit zréck evakuéiert gëtt."

Bewosst setzt een op technologesche Fortschrëtt, kombinéiert mat enger maximaler, operationeller Sécherheet, fir d'Donnéeë vun de Clienten optimal ze schützen. D'Rezept, fir 20 Joer Success Story.

Back to Top
CIM LOGO