
Als "Breakthrough digital device" war zu Cupertino a Kalifornien en neien Apparat vun Apple ugekënnegt ginn. No iMac an iBook war den 23. Oktober 2001, haut viru 25 Joer, d'Zäit räif fir den IPod. En mp3 Player, deen all deemoleg Formater ofspille konnt an 30 mol méi séier war wéi all vergläichbaren Apparat um Marché. Nom Schock vun den 9/11-Attentater war et gewot, esou e Player erauszebréngen.
Ronn 1.000 Lidder konnten op de 5 Gigabyte grousse Späicher gesaved ginn. Op engem Disc- oder Walkman war dat net méiglech. Via FireWire war eng ganz CD a manner wéi 10 Sekonnen op den Apparat gespillt. Iwwer d'Scroll-Wheel huet ee seng Lidder gesicht an den Akku huet bal 10 Stonne gehalen. Fir de Verkafsstart den 10. November 2001 war e Präis vun 399 Dollar ugeschloe ginn.
Musek fir matzehuelen - dat Konzept war net nei, hat sech awer zanter de Walkman-Zäite weiderentwéckelt. Den iPod war liicht ze verstoen a konnt iwwerall hi matgeholl ginn. E wichtege Schratt war schonn d'Joer drop komm, wéi Apple de Player och fir Windows-Computeren opgemaach huet. Weider zwee Joer méi spéit koum den iPod Mini an 2005 weider Variante wéi iPod Nano a Shuffle. Domat sollt Apple d'Grenz vu 40 Millioune verkaaften Apparater sprengen.
Den iPod war awer net just als eenzelen Artikel erfollegräich. Mam iTunes Music Store, deen 2003 komm war, hat Apple d'Hardware mat enger digitaler Verkafsoffer verknëppt. Eenzel Lidder hunn 99 Cent kascht. Domat waren den Zougang zu Musek verännert a Mustere fir spéider Produiten an Déngschter geluecht ginn.

Wéi 2007 den éischten iPhone koum, huet den iPod ugefaangen, u Bedeitung ze verléieren. 2014 war et d'Enn vum iPod Classic, dräi Joer méi spéit war den Nano fort aus dem Sortiment. Den iPod Touch, quasi en iPhone ouni Empfang, gouf et nach bis 2022. Dat weist, wéi en erfollegräiche Produit duerch eng méi ëmfaassend Plattform ofgeléist ka ginn a wéi wichteg et fir Apple ass, den nächste Schwéierpunkt fir de User ze setzen.
Am Ganzen huet Apple ronn 450 Milliounen Exemplairë vum iPod verkaaft. Mëttlerweil hu Streamingdéngschter awer d'Nues vir beim Lauschtere vu Musek. Do wollt Apple laang net dru goen an huet sech réischt vum iTunes-Modell geléist, wéi se d'Firma Beats kaaft hu fir mat Spotify ze konkurréieren.