Der chineesescher Startup LandSpace ass e Mëttwoch fir déi éischte Kéier eng erfollegräich Landung vun hirer Rakéit gelongen, déi duerno weider genotzt ka ginn. Knapp 400 Kilometer ewech, an der Provënz Gansu, konnt d’Rakéit gelant ginn.
Déi sougenannte Zhuque 3, déi 66 Meter héich ass an 9 Motoren huet, ass zu Dongfeng am Nordweste vu China gestart a gëllt als Äntwert op d’Falcon 9 Rakéit vum Elon Musk senger Firma SpaceX.
D’Méiglechkeet, eng Rakéit nom Depart ze landen an duerno weider asetzen ze kënnen, reduzéiert d’Käschte fir nei Satellitten an de Weltall ze bréngen. D’Zuque 3 soll bis zu 20 Mol kënne benotzt ginn. D’Konkurrenz vu SpaceX start ronn 150 mol d’Joer hir Falcon 9 Rakéit, déi puer Dose mol agesat ka ginn.
