Mediendag am Lycée Robert SchumanKeen Ipad méi vu 7ième bis 4ième

Monica Camposeo
Am Kader vum Mediendag huet d'3ième vun der Mediesektioun am Lycée Robert Schuman sech mam Thema vun der Bildschiermzäit auserneegesat an dëse Reportage realiséiert.
D'Erfarunge mam Ipad waren op den ënneschte Klassen net optimal.
© Monica Camposeo

Den Ipad an der Klass an den Handy doheem. Déi Jonk si stänneg connectéiert. Am Kader vum Mediendag huet d'3ième vun der Mediesektioun am Lycée Robert Schuman um Lampertsbierg sech mam Thema vun der Bildschiermzäit auserneegesat an dëse Reportage realiséiert. An hirem Lycée huet sech nämlech d'lescht Joer eppes geännert, fir d'Schülerinnen a Schüler nees manner Zäit virum Bildschierm auszesetzen.

D'3ième vun der Mediesektioun am Lycée Robert Schuman huet sech mam Thema vun der Bildschiermzäit auserneegesat an dëse Reportage realiséiert.

D'lescht Schouljoer huet d'Direktioun aus dem Lycée Robert Schuman decidéiert, dass op de Klasse vu 7ième bis 4ième keen Ipad méi am Cours benotzt gëtt. Virdrunner hat jiddereen en Ipad. Mee d'Erfarung hätt gewisen, dass dat op den ënneschte Klassen net optimal war, erkläert d’Direktesch Michèle Remakel.

Fir d'Schülerinnen a Schüler, déi haut op enger 3ième sinn, bedeit dat, dass si souzesoen 1 Joer "Paus" haten. Also vu 7ième bis 5ième hu si mam Ipad geschafft, op 4ième hate si keen an elo op 3ième hu si rëm een. Wéi hu si dat erlieft? D'Konzentratioun war besser, seet ee Schüler vun der 3ième C. Mee de Rucksak war vill méi schwéier, bedenkt eng Schülerin. Et gi Virdeeler an Nodeeler, fannen déi Jonk. Verschiddener hunn en Ënnerscheed beim Léiere gemierkt, anerer manner. Bei deene Proffen, déi gefrot goufen, fält d'Meenung awer vill méi eendeiteg aus. D'Schüler wieren am Cours méi konzentréiert. Soss hätt een nämlech och den Androck gehat, dass sech verschidde Jonker hannert dem Ipad verstoppen an net onbedéngt déi Säit ophunn, déi si sollten. Dat war e grousse Problem, seet eng Proff an dat hätt sech awer däitlech verbessert, zanter den Ipad net méi esou present ass.

Antëscht dierfen d'Schüler och keen Handy méi am Schoulgebai benotzen. An der Mëttespaus dierf den Handy just ausserhalb der Schoul am Gebrauch sinn. D'Martine Olm schafft am Service Socio-éducatif a gesäit doduerch eng positiv Entwécklung. D'Schülerinnen a Schüler schwätzen nees méi mateneen an et mierkt een däitlech, dass déi sozial Interaktiounen nees zougeholl hätten.

Mee wéi ass et dann doheem? Wann den Handy bei den Hausaufgaben niewendru läit, géing dat scho stéieren. Besonnesch wann een d'Notifikatiounen héiert, seet eng Schülerin vun 3ième. Dann hätt een d'Tendenz, drop ze kucken an et ass een direkt ofgelenkt. Eng 7ième-Schülerin seet awer, dass et sech mat der Musek vill besser konzentréiere kann, wann et Hausaufgabe schreift.

Allgemeng sinn déi Jonk relativ dacks engem Bildschierm ausgesat. Fir de Lycée Robert Schuman fonctionéiert de System, op den ënneschte Klasse keen Ipad anzesetzen, ganz gutt. Am Cycle supérieur hänkt d'Notzung souwuel vun de Proffen, wéi och vun de Schülerinnen a Schüler of.

Dëse Reportage gouf um Mediendag vun der 3e A vum Lycée Robert Schuman vun de Schülerinnen a Schüler selwer gemaach, mat der Begleedung vun eiser RTL-Journalistin Monica Camposeo.

Back to Top
CIM LOGO