Ikea+SonosEe connectéierte Lautsprecher, dee sech liicht verstoppe léisst

RTL Lëtzebuerg
Et gouf scho laang ugekënnegt, elo ass et esouwäit: déi zwou Marken hunn déi éischt zwee Produiten aus hirer "Symfonisk" Gamme erausbruecht.
© Ikea/Sonos

E weidere Schratt fir Sonos am Interior Design: déi kalifornesch Firma huet d’Zesummenaarbecht mam schwedesche Miwwelbuttek no méintelaangem Waarde virun e puer Deeg bestätegt. Zanter 2017 gëtt op ee méigleche Partenariat ugedeit, elo ass et offiziell mat enger fonkelneier Gamm vu Produiten, déi dëse Summer soll disponibel sinn.

2 “Symfonisk"-Produite ginn am Kader vum Salone del Mobile zu Milano en Dënschdeg offiziell presentéiert, allerdéngs hat Ikea schonn e puer Andréck vun de Boxen dës Woch publizéiert, dat, well se fir dës Kooperatioun ee “Red Dot Award” gewonnen hunn.

Eng Dëschluucht an e Regal goufen als Miwwelstécker gewielt, fir d’Boxen ze “verstoppen”. D’Tounqualitéit, déi ee vu Sonos kennt, gouf natierlech agebaut, mat engem integréierte Wi-fi System fir Musek ouni Kabel lauschteren ze kënnen. De System kann ee wéi gewinnt mat der Sonos-App steieren.

Déi 2 Produite gi vum August u verkaf. D’Luucht kascht 179 Euro, d’Regal weit ronn 3 Kilo a kascht 99,95 Euro a kann un deene meeschte Kichesystemer vun Ikea festgemaach ginn. Et kann een awer och dee Lautsprecher un d’Mauer befestegen oder ganz normal op een Dësch stellen.

Back to Top
CIM LOGO