DeepTech-Foire am GRIDXEng Course an d'(On)Gléck

Pierre Jans
Vum 17. bis den 18. September war DeepTechVentures Summit am GRIDX zu Wickreng.
DeepTechVentures Summit am GRIDX zu Wickreng.
© Pierre Jans / RTL

D'KI-Branche gouf rezent eemol gutt gerëselt a grave Sécherheetslacunne konstatéiert. KI-Agenten hate sech selbststänneg gemaach. Dem Mënsch geet et e Strapp ze séier an e riskéiert geschwënn, d'Kontroll iwwer d'Kënschtlech Intelligenz ganz ze verléieren. Do virdru warnen jo och déi bekanntste KI-Cheffen entretemps a si fuerdere méi Reguléierung.

Matten an déi Aktualitéit fält den DeepTechVentures Summit am GRIDX zu Wickreng. Op der Foire ass ee sech de Gefore vun den neien Technologië bewosst. Ma d'Richtung ass kloer: no vir.

"Duerchbroch oder Bubble?", esou hat den Organisateur Technoport, bei deem de Lëtzebuerger Staat Aktionär ass, déi éischt Diskussiounsronn op deem Sommet iwwerschriwwen. Handelt et sech beim Milliarden-iwwer-Milliarde-schwéieren DeepTech-Hype ëm eng Blos oder ginn et genuch Firmen, déi aus Spekulatioun op der Bourse e reelle Business mat stabille Bilane maache kënnen?

D'Äntwert vun enger Fra op der Bün, déi als Fonge-Managerin haaptberufflech an DeepTech investéiert, der Miriam Shtilman vun TAL Ventures:
"Op der Bourse gesi mir vill Fluktuatioun. Et ass schwéier ze soen, ob d'Bewäertunge legitim sinn oder net. Wann een d'Technologien u sech kuckt, ass et keng Blos. Quante-Computere wäerten alles änneren, wat mir kennen a villen Industrien."

Kloer, d'Branche selwer gleeft un hir Iddien, Innovatiounen a Produiten, soss wär et jo eng Blos, déi effektiv platze kéint. Egal wéi: Et ass e Fait, dass Europa bei der Course ëm d'KI-Souveränitéit fënnef Joer hannendran ass. Do geet et ëm de Finanzement: 42 Prozent vun den europäesche KI-Firme sammelen hiert Risikokapital an den USA, net hei. Virop ginn et awer ze wéineg Datenzentren an d'Fro, wéi der an Zukunft méi kéinte mat Stroum versuergt ginn, ass och nach net gekläert. Dat beklot den Anders B. Bakken, Finanzdirekter vun Fossefall. Seng jonk Firma aus Norwegen setzt genee do un. Si baut selwer Datenzenteren, also d'Serveren an der steriller Hal, dofir och "Whitespace" genannt. Si wëll och déi néideg Héichleeschtungsprozesseren - GPU‘s - un hir Clientë verlounen amplaz, dass déi se kafe mussen a si wëll dem Client dann um Enn vun der Service-Ketten eng komplett KI-Infrastruktur ubidde kënnen.

"Mir baue grad eis éischt KI-Fabrik an Norwegen. A Schweden an a Finnland hu mir scho Sitten. An enger zweeter Phas gi mir an Zentraleuropa. Mir diskutéiere scho mat e puer Länner. Ma aktuell sinn et d'Energië an Nordeuropa, déi eis interesséieren: erneierbar, zouverlässeg a relativ bëlleg. Mir kënnen do uewen natierlech killen."

Fossefall huet scho Büroen hei am Land. Och en Datazenter? Jo, doriwwer géif een nodenken, seet den Anders B. Bakken. Fir hie bleift d'Energieversuergung fir KI-Zenteren de gréisste Problem – a ganz Europa. D'Miriam Shtilman gëtt awer ze bedenken: Wat ass, wann d'Chippe besser ginn a manner Energie verbrauchen?

"Da gesi mir vläicht, dass mir esouvill Datenzentere bauen, déi mir guer net méi brauchen."

Dat wär d'Apokalypse fir Leit, déi hir Suen an d'KI-Infrastruktur pompelen. D'Technologien entwéckele sech déi lescht Joren extrem séier. Dat gëtt den Direkter vun der Lëtzebuerger Firma CTI-Systems Bob Greiveldinger ze bedenken. Seng Firma baut Maschinnen op Mooss. Schwéiert Geschier, dat zum Beispill an der Aviatioun genotzt gëtt. Richteg Industrie also an enger Zäit, wou Technologië sech quasi am Wochentakt selwer iwwertreffen.

"Do gëtt et engem schonn e bëssen anescht virun der Erausfuerderung. An deem Rhythmus ka keen eng Firma, déi et scho méi laang gëtt, andauernd ëmkrämpelen. Doraus resultéiert, dass ee wuel muss aner Kooperatiounen agoen. Vläicht muss een och Saachen auslageren, déi een haut intern mécht."

Stoe bleiwen an den Zuch verpassen, ass op alle Fall keng Optioun, esou de Bob Greiveldinger. Méi iwwerspëtzt seet et d'Fonge-Managerin Miriam Shtilman.

"Et kontrolléiert een net jiddereen, net déi ganz Course. Et kontrolléiert ee just sech. A wann ee sech selwer kontrolléiert, verléiert een, well anerer et net maachen. Wann een d'Technologie reguléiert, wäert een net vun hir profitéiere kënnen."

Et ass eng Course, déi wuel kee méi stoppe kann. Ma och um DeepTech-Sommet huet ee gemierkt, dass et eng volatil Branche ass, eng, déi selwer net weess, wat d'Limitte sinn, eng Branche mat vill Potenzial, Ongewëssheet a Geforen.

Deen hei Reportage fannt Dir natierlech bei eis am Podcast Nogelauschtert.


Wann Iech d'Theema KI an hir Geforen interesséiert, liest och:

Back to Top
CIM LOGO