
Vun Dausende generéierte Genomen hu 16 sech am Labo als liewensfäeg erausgestallt. Et handelt sech ëm Bakteriophagen, déi nëmme Bakterien infizéieren an de Mënsch net ustiechen.
D'Etüd weist, datt dës nei Viren hëllefe kéinten, antibiotikaresistent Bakterien ze bekämpfen.
Gläichzäiteg warnen Experten awer virun de méigleche Risike vun esou enger Technologie. Si fuerderen kloer international Reegele fir ze verhënneren, datt generativ KI benotzt gëtt, fir geféierlech Krankheetserreeger ze entwéckelen.