"Flock Safety"Protest géint Iwwerwaachungskameraen an den USA

RTL Lëtzebuerg
An den USA suerge Zéngdausende Kamerae vun der Firma "Flock Safety" fir ëmmer méi Kritik.
© JUSTIN SULLIVAN/Getty Images via AFP

D'Apparater fotograféieren d'Placke vun Autoen an erfaassen och Mark, Faarf an aner Detailer. D'Donnéeë kënnen d'Police landeswäit an Echtzäit duerchsichen.

Eng Analys vun der "Electronic Frontier Foundation" huet gewisen, datt d'Kamerae wäit iwwer de Suivi vu geklauten Autoe eraus benotzt goufen. Ënner anerem goufen Autoe vu Manifestanten an och Persounen am Zesummenhang mat Ofdreiwungen oder Migratioun gesicht.

D'Kritik kënnt aus béide politesche Lageren. Konservativer wéi Tucker Carlson schwätze vun enger massiver Iwwerwaachung, wärend och demokratesch Politiker virun engem Mëssbrauch vun de gesammelten Donnéeë warnen. Verschidde Stied hunn de System dowéinst ofgeschaaft oder d'Benotzung ageschränkt.

Gläichzäiteg goufen an den USA op d'mannst 33 Kameraen a 23 Bundesstaaten beschiedegt oder zerstéiert. Flock huet als Reaktioun ugekënnegt, d'Donnéeë méi séier ze läschen an d'Kontroll iwwer d'Recherchen ze verschäerfen.

Fir d'Biergerrechtsorganisatiounen geet et awer net nëmmen ëm Flock: Entscheedend ass, wéi eng Reegelen fir d'Benotzung vun de gesammelten Donnéeë gëllen.

Back to Top
CIM LOGO