
HEI geet op den Dossier fir de Safer Internet Day 2019!
„Together for a better Internet“ ënnert dësem Motto wäerten um Safer Internet Day eng ronn 140 Länner ronderëm d’Welt verschidden Aktiounen organiséieren.
Och déi 16. Editioun vun dësem Dag soll eis dorun erënneren, wéi wichteg et ass, dass mir eis gemeinsam fir ee sécheren Internet staark maachen. Organiséiert a koordinéiert gëtt de Safer Internet Day op internationalem Niveau vum europäeschen Insafe-Netzwierk, woubäi BEE SECURE da fir déi national Ëmsetzung zoustänneg ass. D‘Haaptzil vum Safer Internet Day ass et duerch eng ganz Rei Aktiounen, d’Notzer fir ee sécheren Ëmgang mam Internet ze sensibiliséieren. Mee net nëmme Schoulen a Pädagogen, mee och Entreprisen, a souguer privat Persoune sinn invitéiert um Safer Internet Day deelzehuelen, sief et andeems een un enger Aktioun deelhëlt oder souguer selwer eng Aktioun umellt a lancéiert.