
Do virdru warnt d’Weltgesondheetsorganisatioun. Fir bei Erwuessenen Häerzkrankheeten, Kriibs oder Iwwergewiicht ze verhënneren, wier et wichteg, scho Kanner a Jugendlecher viru Reklammen fir ongesond Liewensmëttel ze protegéieren. D’WHO fuerdert an dem Sënn, dass Regierungen méi effikass Donnéeë kréien, fir de Marché vun de Reklamme besser ze reguléieren, an d’Kanner sou besser ze schützen.