Wärend Futtballfans ureesen, geet a Mexiko eng Well un Demonstratioune vu Leit aus dem Educatiounsberäich ronderëm, dat virun allem an der Haaptstad. En Dënschdeg sinn Dausende Leit op d'Strooss gaangen, an engem Protest, dee vun enger Splittergrupp vun der CNTE Educatiounsgewerkschaft organiséiert gouf.
Déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum hat d'Demonstratioune virdrun eng "Provokatioun" genannt. "Et ass wéi wa se wéilte soen 'Kuckt wéi schlëmm d'Situatioun hei a Mexiko ass'", sot si op enger Pressekonferenz.
Eng Police-Blockad huet en Dënschdeg verhënnert, datt d'Demonstrante bis bei den Azteca Stadium komme konnten, an deem en Donneschdeg den éischte Match vun der Futtball-WM gespillt gëtt. An de Stroosse ronderëm de Stadion ware scho Betonsblockaden opgeriicht ginn, an am Virfeld vum éischte Match waren och scho vill Polizisten op der Plaz.
De Pablo Vazquez, Sécherheetschef vu Mexico City, sot an enger Matdeelung, datt d'Maniff friddlech verlaf wier. Déi lénksgeriichte Presidentin Sheinbaum sot datt den Optaktmatch "garantéiert" wier an huet gläichzäiteg ausgeschloss, datt d'Police géif agesat ginn, fir d'Demonstranten zeréckzedrécken. Hir Regierung huet Negociatioune mat den Demonstranten entaméiert, ma bis ewell ouni Erfolleg.
D'Educatiounsgewerkschaft CNTE ass zanter leschter Woch am Streik, fir eng Augmentatioun vum Salaire an ee Réckgängegmaache vun engem Pensiounsgesetz ze erreechen. D'Regierung hält dës Fuerderungen allerdéngs fir onrealistesch.
D'Léierpersonal huet ugefaangen, net wäit vun der WM-Fanzon ze campéieren. Den éischte Juni war d'Police géint Demonstrante virgaangen an hat Gummi-Geschosser an Tréinegas agesat.
Fir en Donneschdeg huet d'Léierpersonal zu weideren Demonstratiounen opgeruff, bei deenen och d'Famille vu sougenannten "verschwonnene" Leit wäerten derbäi sinn, déi vu mexikaneschen Autoritéiten oder kriminelle Banden ëmbruecht oder gekidnappt solle gi sinn.
Fir en Donneschdeg gëtt sech erwaart, datt den Optakt-Match tëscht Mexiko a Südafrika weltwäit Millioune Leit nokucken. A Mexiko selwer gëtt grad nach op de Gas gedréckt, fir lescht Chantieren u Subway-Statiounen an um gréisste Fluchhafen fäerdeg ze kréien, ier d'WM lassgeet.