
De Wiessel war scho länger annoncéiert, ma elo ass et offiziell, de Ben Streff ass neien LSAP-Deputéierten an ersetzt domadder d'Paulette Lenert, déi um Méindeg als Member vum Staatsrot vereedegt gouf. Um Dënschdeg huet fir d'éischt de Chamberpresident Claude Wiseler an engem Hommage op der Paulette Lenert hir Zäit als Deputéiert awer och als Ministesch zeréckgekuckt an dobäi besonnesch hier Roll als Gesondheetsministesch wärend der Corona-Pandemie ervirgestrach a gelueft.
D'Paulette Lenert war iwwregens wärend dem Hommage net an der Chamber present, well zäitgläich eng Sëtzung vum Staatsrot war.
Dono war et dunn un der Vereedegung vum Ben Streff, deen an enger kuerzer Ried skizzéiert huet, wéi eng politesch Akzenter hien um Krautmaart setze wëllt. Den 31 Joer ale Politiker aus dem Osten huet sech selwer mam Futtballveräin SC Freiburg verglach a gesot, him wiere Wäerter wéi Buedemstännegkeet, Nohaltegkeet a Solidaritéit wichteg, hie géing engersäits Traditioune respektéieren a wier anerersäits awer och oppen, fir nei Weeër ze goen.
Mat Bléck op déi aktuell Situatioun am Land huet hie kritiséiert, datt d'Schéier tëscht Aarm a Räich ëmmer méi wäit auserneegoe géing.
"A loosst mech kloer sinn, jidderee soll a muss d'Recht hunn, sech eppes opbauen ze kënnen, jidderee soll a muss Erfolleg dierfen a sollen hunn, mee Chancegerechtegkeet bedeit, datt Räichtum a Perspektiven net ëmmer méi ongerecht verdeelt dierfe ginn. Well d'Hand op d'Häerz, geet et nach gerecht zou, wa 5 Prozent vun de räichste Stéit hei am Land een Drëttel vum Verméige besëtzt? Geet et nach gerecht zou, wann 0,5 Prozent vun eiser Populatioun d'Hallschent vum Bauland besëtzt? Ech mengen net an hei ass d'Politik gefuerdert."
Lëtzebuerg bräicht Politiker, déi grouss Visiounen hunn, zum Beispill mat Bléck op de Klimawandel. De Ben Streff huet och ënnerstrach, datt de Kampf géint Rietsextremismus fir hie besonnesch wichteg wier, et dierft een d'Gesellschaft net splécken, mee et misst ee se zesummeféieren.