
Mat Kraner goufen en Dënschdeg grouss metalle Béi op hir Plaz gehuewen, dat fir den Ultimate Fighting Championship (UFC), deen de 14. Juni zu Éiere vum Donald Trump sengem 80. Gebuertsdag beim Wäissen Haus ofgehale gëtt.
"Mir wäerten ee grousse Kampf hunn. Et wäert ni méi geschéien, an et ass nach ni virdru geschitt", esou den Trump ufanks des Mounts am Oval Office, wou hie sech mat véier vun de Kämpfer versammelt hat. Do huet den Trump och eng Foto vum sougenannten Octogon gewisen: den UFC-Ring, dee mat engem Gitter ëmginn ass, an dee virum Wäissen Haus soll opgeriicht ginn.
Dem Trump no kënnen eng 4.500 Leit den Event um Wuess vum Wäissen Haus selwer suivéieren, mat nach emol 100.000 Leit op Public-viewing-Ecrane virum Wäissen Haus. Den Trump ass ee groussen UFC-Fan a war scho bei enge sëllege Kämpf derbäi. An der Zeen huet hien och vill vu senge Supporter, déi him 2024 zu senger Victoire verhollef hunn.
Den Event huet den Titel "UFC Freedom 250", dat well d'USA dëse Summer den 250. Anniversaire vun hirem Bestoe feieren. Den Event ass um US-Feierdag "Flag Day", deen och dem Trump säi Gebuertsdag ass.
D'Kämpfer Ilia Topuria an Justin Gaethje wäerten d'"Headliner" vum Event sinn. Ma den Event huet och scho fir ferm Kritik gesuergt, dat ënnert anerem fir d'Käschten an och, well en eeben direkt virum Wäissen Haus ofgehale gëtt.
Ronn 60 Milliounen Dollar soll dat ganzt kaschten. Dat Wäisst Haus sot, d'UFC géif d'Käschten droen an datt ee wuel d'Hallschent vun de Käschten iwwer Sponsoren an aner Sourcen nees géif erakréien.
D'Sécherheetsmesurë wäerte fir den Open-Air-Event verstäerkt sinn, dat nodeems eng Rei Incidenten an der leschter Zäit gouf. Een Ugräifer ass e Samschdeg vum Secret Service erschoss ginn, nodeems hie beim Wäissen Haus ugefaangen hat mat schéissen. Am Abrëll gouf et ee presuméierten Attentatsversuch géint den Trump um White House Correspondents Dinner an engem Hotel zu Washington.