WorldSkills 2026 zu Shanghai"Et ass wichteg fir ze weisen, dass d'Beruffsausbildung keen zweete Choix ass"

Lea Schwartz
Sibila Lind
All zwee Joer ginn d'WorldSkills organiséiert, dës Kéier zu Shanghai. Och 6 Lëtzebuerger sinn dobäi an trieden a verschiddenen Disziplinne géint Professioneller aus hire Beräicher un. E Mëttwoch geet d'Competitioun un, en Dënschdeg war d'Erëffnungszeremonie.
En Dënschdeg war zu Shanghai d'Erëffnungszeremonie vun de WorldSkills.
© RTL

D'Weltmeeschterschaft vun de Beruffer - d'WorldSkills sinn um Dënschdeg offiziell agelaut gi mat enger grousser Erëffnungszeremonie, bei deem och d'Lëtzebuerger Participanten ugekënnegt goufen an an d'Hal eralafe konnten.

© Sibila Lind

De Concours selwer fänkt e Mëttwoch un, dann trieden 1.400 jonk Professioneller aus der ganzer Welt a 64 verschiddenen Disziplinnen un. Wien do gewënnt, ka vu sech behaapten, dee Beschten a sengem Beräich ze sinn. All Participant huet am Virfeld scho säin nationale Concours gewonne fir sech ze qualifizéieren.

1.400 Participanten a mattendran: 6 Lëtzebuerger

Sechs jonk Participantë vertriede Lëtzebuerg a fënnef verschiddenen Disziplinnen: Fligermaintenance, digital Konstruktioun, Landschaftsgestaltung, Restaurantsservice, souwéi Sanitär-, Installatiouns- an Heizungsaarbechten.

De William Cao trëtt fir Lëtzebuerg an der Disziplin "Digital Construction" un. Et fält him nach schwéier anzeschätzen, wat hien déi nächst Deeg fir Erausfuerderungen erwaarden, iwwert de Kaméidi mécht hie sech awer Suergen: "Natierlech wann dann déi 800.000 Leit ronderëm ginn an all dee Kaméidi hei ass, fir dat ze geréieren, do ka kee sech prett maachen dofir.", esou de 24-Järegen. Eng Léisung hätt en awer och scho fir dee Probleem: "Ech hunn Ouerestëpsel dobäi a probéiere mech ze fokusséieren."

Anerer wësse scho méi genee wat si erwaart. De Bjarne Weber an de Florian Theisen wäerten e Mëttwoch an der Landschaftsgestaltung un de Start goen. Op dësem Concours wäerte si ee Gaart an engem asiatesche Stil bauen. Dat wär eng Erausfuerderung fir si, seet de Bjarne Weber: "Well mir eben de chineeseschen oder asiatesche Gaart ëmsetzen, hu vläicht déi chineesesch oder asiatesch Konkurrenten ee klenge Virdeel, well si an hirem Alldag dee Gaardestil ëmsetzen a bauen. A fir eis ass et eppes ganz Neies."

Net just eng Competitioun

Fir d'Claudine Thoma, d'technesch Delegéiert vu Lëtzebuerg bei de WorldSkills, ass dëse Concours wichteg, fir de Wäert vun der berufflecher a technescher Bildung ervirzehiewen, an d'Fäegkeeten, déi haut néideg sinn an déi an der Zukunft gefrot sinn. Historesch gesi sinn d'WorldSkills nom zweete Weltkrich an d'Liewe geruff ginn, fir dem Mangel u qualifizéiertem Personal entgéint ze wierken. Ee Probleem, deen och haut nach aktuell ass: "Et ass wichteg, dem Public an och deene Jonken ze weisen, dass d'Berufsausbildung wierklech keen zweete Choix ass. Mee, dass et ee ganz grousse Stellewäert huet an eiser Gesellschaft an eisem Educatiounssystem an eiser Zukunft vun eiser Industrie, vun eiser Ekonomie.", ënnersträicht d'Claudine Thomas vu Worldskills Lëtzebuerg.

De Concours geet bis de 26. September an d'Gewënner ginn de leschten Dag op der Schlusszeremonie annoncéiert.

RTL ass zu Shanghai op der Plaz fir d'Lëtzebuerger Ekipp ze begleeden. Dir fannt eis komplett Berichterstattung op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO