BulgarienOp d'mannst 11 Doudeger bei Massekarambolage am Niwwel

RTL mat AFP
Op enger Autobunn tëscht der Haaptstad Sofia a Burgas um Schwaarze Mier sinn am dichten Niwwel méi wéi 50 Gefierer matenee kollidéiert. Net ugepasste Vitess wier eng vun den Onglécksursaachen.
Op d'mannst 11 Doudeger bei Massekarambolage a Bulgarien
Am dichten Niwwel sinn en Dënschdeg de Moien a Bulgarien gutt 50 Gefierer matenee kollidéiert.

Am Südoste vu Bulgarien ass et en Dënschdeg de Moien op der sougenannter Trakia-Autobunn zu enger Massekarambolage komm. Am dichten Niwwel waren a béid Fuerrichtunge ronn 50 Gefierer matenee kollidéiert.

Op d’mannst 11 Persoune si beim Accident ëm d’Liewe komm, sou déi lokal Autoritéiten, méi wéi 50 weiderer wieren zum Deel schwéier blesséiert ginn. Ambulanzen, Police a Pompjeeën aus dräi Regioune waren am Asaz, donieft och 20 Zaldoten.

Den Direkter vun der Stroosseverwaltung sot, Niwwel, naasse Goudron an net ugepasste Vitess wieren d'Grënn fir d'Ongléck. Aenzeien no hätt een op der Autobunn tëscht der Haaptstad Sofia a Burgas um Schwaarze Mier manner wéi 30 Meter wäit gesinn.

D'Autobunn ass a béid Richtunge gespaart gi fir den Asaz vun de Rettungsekippen, déi och no Leit kucke mussen, déi nach an hire Gefierer ageklemmt sinn. De Premier Rumen Radew huet e Regierungsfliger op d'Plaz schécke gelooss, fir ze hëllefen.

Back to Top
CIM LOGO