Ronn 55.000 Visiteure waren e Mëttwoch ageschriwwen, fir de Concours kucken ze kommen, dorënner Schoulgruppen, Journalisten, Supporter aus de Länner, déi matmaachen a Visiteuren, déi einfach just virwëtzeg waren an ee Bléck op déi jonk Professionell geheie wollten. Si zielen ëmmerhin zu deene beschten op der Welt. Jiddereen huet sech am viraus qualifizéiert, fir kënnen dobäi ze sinn.

Ee vun de Pavillonen, deen am beléiftste war, war deen, deen dem Kachen an der Restauratioun gewidmet war. D'Visiteuren hunn de Kandidaten dobäi nogekuckt, wéi si Kuchen a Plate virbereet hunn, Clienten zerwéiert a Cocktaile gemaach hunn. Ënner hinnen war de jéngste Participant vun der Lëtzebuerger Délégatioun: den 18 Joer ale Karim Speidel: "Hei mussen mir och e Mystery-Cocktail maachen, an ech mengen, ech sinn dofir virbereet. Et ass eng vun de Fäegkeeten, an deenen ech am beschten sinn an déi ech hei ka weisen," seet de Karim.
Am selwechte Pavillon hunn och e puer Roboteren d'Opmierksamkeet vun de Visiteuren op sech gezunn, déi se selwer bedreiwe konnten. D'Robotere konnte lafen, "Hallo" soen a souguer op Kommando danzen.

Technologie ass iwwerall present op de WorldSkills. Op verschiddene Stänn ginn interaktiv Spiller ugebueden, wärend d'Visiteuren och en Apparat ausprobéiere kënnen, dat ëm d'Hëften an d'Uewerschenkel geluecht gëtt, fir d'Beweegung vun de Been z'ënnerstëtzen an d'Goe méi einfach ze maachen. Dëse Stand ass no bei enger vun den Entréeën. D'Foireshal ass esou grouss, datt d'Visiteure laang Distanzen tëscht de verschiddene Beräicher, an deene Competitioune sinn, zeréckleeë mussen. Am Ganzen ass d'Ausstellung op ronn 400.000 m2 verdeelt an et gi 64 verschidden Disziplinnen.
Eng vun deenen éischten Disziplinnen, déi op dësem éischte Competitiounsdag ugefaangen hunn, war déi vun der Sanitär- an Heizungsinstallatioun, wou den 21 Joer ale Jannik Bares Lëtzebuerg vertrueden huet.
De Jannik huet eng Medail fir eng exzellent Leeschtung bei den EuroSkills vum leschte Joer zu Herning gewonnen. Awer d'Gréisst vun engem Evenement wéi de WorldSkills an dem zousätzlechen Drock, deen domat verbonnen ass, huet zu e puer Réckschléi um éischten Dag gefouert. An dëser Competitioun zielt all Detail.
Glécklecherweis konnt säin Expert seng Aarbecht observéieren an hien an de Pausen op méiglech Korrekturen opmierksam maachen, wat bei e puer aneren Disziplinnen net géif goen: "Haut de Moien huet hien en Hummer um Buedem vergiess. Ass dat gezielt ginn oder net? Ech weess et net, mee dat si kleng Feeler, déi ee korrigéiere muss. An him ass 'ee klengt Ongléck' geschitt, hien huet zwee Module verwiesselt. Dat ass net schlëmm, hie konnt se einfach ëmdréinen, mee dat dauert da méi laang", seet de Loïc Perrin, deen als Expert dobäi ass.

De Loïc Perrin trainéiert de Jannik zënter zwee Joer. Hien huet och selwer bei de WorldSkills deelgeholl, wéi hien 22 Joer al war an huet och selwer eng "Medal of Excellence" gewonnen. "All kleng Problemer, déi hie begéint, probéieren ech hannendrun ze léisen, sou datt et kee Problem méi ass.", esou den Expert. No engem usprochsvollen éischten Dag huet de Jannik et fäerdeg bruecht, de Projet vum Dag ofzeschléissen. "Nëmmen 10 vun 32 hunn et fäerdeg bruecht," seet hien.
De Concours léisst Kandidaten och iwwert sech eraus wuessen. Net alles konnte si am Kader vun hirer Aarbecht oder Ausbildung virbereeden. Am Beräich vun der Maintenance u Fligere gëtt de Jonah Gasper, deen och fir Lëtzebuerg untrëtt, zum Beispill gefrot, Aufgaben ze erfëllen, déi hien normalerweis net als Deel vu sengem Training bei Cargolux muss maachen.


Dat selwecht gëllt fir de William Cao, deen am Beräich Digital Konstruktioun untrëtt. E puer vun den Aufgaben, déi hie maache muss, géifen normalerweis vun anere Fachleit wéi zum Beispill Architekten iwwerholl ginn.
De William bleift trotz dem usprochsvollen éischten Dag zouversiichtlech: "Et war e schwéieren Dag, well ech wéinst der Erëffnungszeremonie net vill geschlof hunn, mee et ass gutt gaangen. Ech hat erwaart, datt et e bësse besser géif lafen, mee ech mengen, et gëtt an de nächsten Deeg nach besser."

D'Boxe voller Bulli, d'Spuere vum éischten Dag droen d'Landschaftsgäertner Bjarne Weber a Florian Theisen op de Kleeder an an de Gesichter. Si hunn déi éischt Stonne vum Concours domadder verbruecht, Steng ze droen an am Buedem ze gruewen. Ier si Feierowend gemaach hunn, hu si sech d'Konkurrenz ugekuckt, wann och just kuerz: "Ech probéieren, esou wéineg wéi méiglech op déi aner Gäert ze kucken, well ech soss ufänke mir Suergen ze maachen, ob mir alles richteg maachen oder ob si schonn e Stéck méi wäit sinn. Ech mengen, et ass besser, net op déi aner ze kucken a sech einfach op déi eegen Aarbecht ze konzentréieren", seet de Bjarne. "Ufangs hate mir e puer Problemer a mir hunn eis ënner Zäitdrock gefillt, mee mir hunn de Projet vum Dag ofgeschloss a mir si zefridde mat eiser Aarbecht."
D'WorldSkills ginn an deenen nächsten Deeg weider an d'Gewënner ginn de 27. September op der Ofschlosszeremonie annoncéiert.