Klimaphänomen iwwert der ArktisMeteorologe beschäftege sech mat Méiglechkeet vu besonnesch kalem Wanter

RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
AFP, iwwersat vun RTL
Wéinst Perturbatiounen am sougenannte polare Vorex kéint besonnesch kal Loft an Europa zéien.
E méiglechen Zenario wier, dass et am Süde vun Europa zu engem méi waarmen an am Norden zu engem méi kale Wanter kënnt.
© SPENCER PLATT / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP

No engem Summer, an deem Europa a Lëtzebuerg direkt mat e puer Hëtztwellen ze kämpfen haten, kéint eis elo e besonnesch kale Wanter an d'Haus stoen. Eng Rei Meteorologen hunn dëst Joer eng aussergewéinlech fréi Stéierung vum polare Vortex beobacht. Dësen atmosphäresche Phänomen kéint en Afloss op d'Temperaturen op der Nordhallefkugel hunn.

Beim polare Vortex handelt et sech ëm eng besonnesch staark Wand-Zirkulatioun, déi sech all Wanter iwwert der Arktis forméiert. Wann et zu Stéierungen an dëser kënnt oder se ofgeschwächt gëtt, kann déi kal Loft a Regioune mat engem méi temperéierte Klima zéien, notamment an Europa.

Verschidden Experten hu géigeniwwer der Noriichtenagence AFP gesot, dass de Phänomen dëst Joer besonnesch fréi ze beobachten ass. Eng Situatioun wéi am Moment hätt et zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen an den 1950er Joren nëmme ganz seele ginn.

Dës Entwécklung kéint de Risiko erhéijen, dass et an Europa zu Episode mat besonnesch déiwen Temperature kënnt. D'Experte bleiwen awer virsiichteg, aktuell wier et nach net méiglech, genee virauszesoen, wéi eng Konsequenzen d'Stéierungen am Vortex an den nächste Woche fir d'Temperaturen an Europa hunn. An deem Kontext misst een och de Wiederphänomen El Niño berécksiichtegen. Dëse féiert generell a verschiddene Géigenden zu méi héijen Temperaturen a kéint d'Auswierkunge vun de Stéierungen am polare Vortex ofschwächen.

Meteofrance no wier et aktuell nach ganz onsécher, wéi eng Auswierkungen een an Europa wäert spieren. Alles géing vun den Entwécklungen an den nächste Wochen ofhänken. E méiglechen Zenario wier, dass et am Süde vun Europa zu engem méi waarmen an am Norden zu engem méi kale Wanter kënnt.

D'Experte si sech awer eens, dass een déi aktuell Perturbatiounen am Vortex genee misst am A behalen.

Back to Top
CIM LOGO