No kierperlecher AuseranenersetzungMann bäisst Polizist an d'Been

RTL Lëtzebuerg
Well hien déi ëffentlech Uerdnung gestéiert huet an eng Gefor fir sech selwer an anerer duergestallt huet, gouf hien a Passagearrest bruecht.
© RTL

E Méindeg den Owend gouf et zwee verschidde Passagearrester.

Géint 17:30 Auer wollt eng Fra an engem Café zu Esch-Uelzecht an der Rue de l'Alzette net bezuelen. D'Police ass op d'Plaz gefuer a konnt si sichtlech alkoholiséiert untreffen. Si huet ronderëm gejaut an huet refuséiert ze bezuelen. Well si ëmmer méi onkooperativ ginn ass a Widderstand geleescht huet, ass si no enger Kontroll an Arrest bruecht ginn. Et gouf e Protokoll erstallt.

Ronn zwou Stonne méi spéit, géint 19:40 Auer hu Beamten an der Avenue de la Gare an der Stad eng kierperlech Ausernanersetzung tëscht zwou Persounen observéiert.

De Polizisten ass et gelongen, déi zwee vuneneen ze trennen. Ee Mann huet awer du probéiert ee vun de Beamten ze schloen an huet dësem e puer Mol an d'Bee gebass. E konnt doropshin immobiliséiert ginn. Well hien déi ëffentlech Uerdnung gestéiert huet an eng Gefor fir sech selwer an anerer duergestallt huet, gouf hien no enger Kontroll beim Dokter a Passagearrest bruecht. Och hei sinn entspriechend Protokoller erstallt ginn.

Méi spéit, an der Nuecht op en Dënschdeg, ass der Police géint 4 Auer en Déifstall aus engem Reesbus an Der Stad gemellt ginn. Onbekannt Täter sinn iwwer d'Noutfalldier an de Bus an der Rue de Hollerich am Garer Quartier geklommen an hunn eng Rei Kleedungsstécker, ee Portmonni a perséinlech Dokumenter geklaut. Ermëttlunge goufen ageleet.

D'Police erënnert dru keng Wäertgéigestänn a Gefierer leien ze loossen, och net bei kuerzer Absence.

Back to Top
CIM LOGO