Volltreffer beim 1. FC KölnNofolleg vum Maskottchen Hennes direkt duebel geséchert!

RTL Lëtzebuerg
Eng duebel Freed gouf et fir de wuel bekanntste Geessebock aus Köln. Seng zwee Bouwe si virun e puer Wochen op d'Welt komm.
© Marius Becker / dpa / AFP

De 24. a 26. Mäerz hunn déi Kleng d’Liicht vun der Welt erbléckst. Doriwwer huet sech net nëmmen den Hennes IX gefreet, ma och hir Mammen. Richteg gelies: den Nowuess huet ënnerschiddlech Mammen an ass just zwee Deeg getrennt vuneneen op d’Welt komm, huet de Kölner Zoo matgedeelt.

Ee vun de Weibercher ass d’Ilse, déi aner Geessemamm heescht Marie-Luise. Zesumme si si och bekannt ënnert dem Spëtznumm: “dem Hennes IX seng Partnerinnen”.

Back to Top
CIM LOGO