
Wéi d’Fra de Pak Enn November opgemaach huet, huet si net nëmmen de Pool dra fonnt, mä och eng kleng, verängschtegt “Waldohreil”. D’Eil wier komplett naass, ënnerkillt, staark ofgemoert a verängschtegt gewiescht.
De Vull ass doropshin an eng Déiereklinick komm. Si hat eng Aenentzündung a huet nëmmen nach 210 Gramm gewien. Normalerweis weien “Waldohreilen” tëscht 235 an 250 Gramm.
Antëscht duerft Eil d’Klinick verlooss a gëtt lo an der Nabu-Wëllvullestatioun betreit, wou se mat Mais a Jippelcher opgepäppelt gëtt. Och d’Statioun wier verwonnert gewiescht. Si kéinte sech net sou richteg erklären, wéi d’Eil an de Pak koum. Dass d’Déier iwwerlieft huet, wier “e richtege Wonner”. Wann d’Eil nees méi staark wier, géif se ausgewëldert ginn.