DäitschlandOnbekannter klaue ronn 40 deier Zuuchtvigel aus engem Gaart

RTL Lëtzebuerg
Vun en Donneschdeg op e Freideg hunn Onbekannter 40 Vigel aus engem Kaart zu Heidelberg geklaut.
© AFP (Archiv)

Wéi d’Police matgedeelt huet, hätten een oder méi Täter een Drot futti gemaach a sech esou Zougang zum Gaart zu Heidelberg verschaf. Bei de ronn 40 Déieren handelt et sech ëm deier Zuuchtvigel. De Schued gëtt op ronn 10.000 Euro geschat.

D’Police sicht elo no Zeien. D’Déieren hunn e Rank mat enger individueller Nummer um Fouss.

Back to Top
CIM LOGO