
Onbekannter haten nämlech d’Déieren aus engem Zirkus fräi gelooss. Nodeems si d’Gitter opgemaach haten, hu sech d’Déieren op de Wee a Richtung Fräiheet gemaach. Dës war allerdéngs net vu laanger Dauer. Op enger Verkéiersinsel goufe si vun der Police entdeckt.
Ee vun de Kaméiler huet e puer Mol versicht, ee vun de Beamten ze bäissen. De Polizist gouf dobäi awer net blesséiert. Géint hire Wëlle koume si nees zeréck an den Zirkus. Wéi et heescht, hätten d’Déiere wärend hirer Nuetswanderung kee materielle Schued an der Stad hannerlooss.