
D’"Beuteldéier” hätt d’Fra all Kéier drangsaléiert, wa si probéiert huet, d’Haus ze verloossen an Hëllef ze sichen. Wéi d’Autoritéiten agetraff sinn, wier d’Déier aus senger Stopp komm an d’Bee vun engem Polizist eropgeklotert.
D’Beamte wieren dovun ausgaangen, dass et entweder een Hausdéier wier, dat fortgelaf ass oder ee wëllt Opossum, dat vu senger Mamm getrennt gouf. Dat aggressiivt Opossum wier nom Asaz nees an d’fräi Natur entlooss ginn. D’Déier, d’Fra an d’Beamte wiere beim Asaz net blesséiert ginn.
Opossume liewen am ozeanesche Raum a sinn esou grouss wéi eng Kaz. Déi nuetsaktiv Allesfrësser si Mënsche géigeniwwer eigentlech éischter schei, kënnen a Stied awer dacks zu enger Plo ginn.