
Et ass keen eenzel Fall: Mat vill Geschéck, awer och Brutalitéit ginn Orcae bei der Fuddersich vir. Mieresfuerscher hunn Attacke vun de schwammende Jeeër op Séiléiwen, Fësch awer och Growalen dokumentéiert. Viru Spuenien gouf et 2020 souguer Attacken op Sportsbooter. En australesch-amerikanescht Team huet elo am Fachmagasinn “Marine Mammal Science” doriwwer geschriwwen, dass d’Schwertwalen, wéi Orcaen nach genannt ginn, och Blowalen, déi gréissten Déieren op eisem Planéit, ugräifen. Am Ganze goufen dräi Attacken an der westaustralescher “Bremer Bay” dokumentéiert.
Dir d’Attacken hunn d’Déiere sech de Fuerscher no zesummegedoen. Et ass bekannt, datt Orcaen héichspezifesch Juegdtechniken iwwer vill Generatioune verierwe kënnen. Bei enger vun de beschriwwenen Attacken op ee wuel gesonden, 18 bis 22 Meter laange Blowal am Fréijoer 2019 hunn deemno net nëmmen op d’mannst 12 Orcaen, majoritär weiblech Déieren, kooperéiert, mä och méi jonk Déieren hunn nogekuckt. Bei de Schwertwale sinn et haaptsächlech d’Mudderen, déi déi Jonk fidderen. Doduerch musse si méi dacks op d’Juegd goen, wéi Männercher.
No der méi wéi eng Stonn laanger Juegd op de Blowal hätte sech méi wéi 50 Schwertwalen fir ze friessen zesummefonnt. Dobäi wier opfälleg gewiescht, datt sech d’Déieren ënnerteneen net ëm d’Iesse gestridden hätten.
En héije Wäert schéngen d’Ugräifer op déi besonnesch narhaft Zong vun de Blowalen ze leeën. D’Fuersche hunn op d’mannst zwee Fäll dokumentéiert, an deenen en Orca sech geziilt op d’Sich nom risege Muskelstéck am Maul vum doudege Wal gemaach huet.
Dee besonnesche Faibel fir d’Zong an d’Lëpse vun de Blowalen schéngt och eng Anekdot aus dem fréien 20. Joerhonnert aus Australien ze beleeën. Hei hat e Grupp vun Orcaen geziilt mat Waljeeër zesummegeschafft. D’Schwertwalen hätten de Mënsche geziilt Blowalen zougedriwwen, esou datt dës liicht ëmbruecht konnte ginn. Dofir duerfte si den doudege Walen d’Lëpsen an d’Zong offriessen. De Rescht vum Kierper hu se fir d’Mënschen iwwereg gelooss.
Orcaen hätten awer keng speziell Preferenz bei der Juegd op Mamendéieren. Engem Mieresekologist no, deen och un der Etüd bedeelegt war, kéinten d’Attacken e Retour an d’Normalitéit sinn - well sech d’Walpopulatiounen no Joerhonnerte vun der kommerzieller Juegd duerch Mënschen antëscht erhuelen. “Vläicht gesi mir elo, wéi den Ozean fréier ausgesinn huet, éier mir déi meescht grouss Walen ausgerott hunn”, sou de Fuerscher.
Virum “Walfangzäitalter” goufen et Schätzungen no weltwäit ronn 300.000 Blowalen. Aktuell gëtt hir Populatioun op 15.000 bis 20.000 geschat - mat Tendenz an d’Luucht.