Mënsch an DéierPanda ass "süss", eng Spann ass eekleg

RTL Lëtzebuerg
Verschidden amerikanesch Psychologen erklären, firwat mir déi eng Déiere méi leide kënne wéi déi aner.
© AFP

Esou grouss wéi de Mënsch selwer, schläimeg brong Haut, grousse Mond an onheemlech Aen. Rieds ass vum risege chinesesche Salamander. Dëst Déier gëtt net nëmmen als “eekleg” bezeechent, mee steet dozou och nach virum Ausstierwe. Säi Kolleg de Panda erlieft am Moment dat selwecht Schicksal, hie gëtt dofir awer dacks an de Medien ernimmt, an zielt dobäi nach zu engem vun de léifsten Déieren op eisem Planéit. Do stellt ee sech d’Fro, firwat ass dat esou? Sollen d’Déieren net all d’selwecht behandelt ginn?

© AFP

Gréisst, Intelligenz, Verhalen a wéiwäit d’Ähnlechkeet um Mënsch ass, sinn alles Facteuren, déi eng grouss Roll bei eiser Selektioun vun den Déiere spillen. Kierperlech Charakteristiken, wéi grouss Ae loossen am Mënsch elterlech Instinkter erschéngen, déi zum Beispill ee Panda als “süss” definéieren, sou de Psychologie-Professer Hal Herzog vun der West Carolina University.

De Salamander ass ee vitaalt Bestanddeel vu sengem Ökosystem, genau wéi d’Wierm, mee dëst Déier huet dofir awer keen uspriechend Ausgesinn. D’Mënsche sinn éischter ofgeneigt an ugëeekelt vu Raten, Mueden oder Schlaangen.

De Phobie-Spezialist Graham Davey huet an engem Gespréich mat der AFP gesot, dass d’Eekelgefill net ugebuer ass, mee eng Emotioun ass, déi ee mat de Jore léiert. Gréisstendeels kënnt den Eekel géigeniwwer Saachen oder Déieren, déi eis un aner Saachen erënneren, déi fir déi meeschte Leit vun Natur aus eekleg sinn, ënner anerem Schläim a Stullgank. Een aneren Ausléiser ass d’potentiell Gefor vum Déier géigeniwwer dem Mënsch, ob elo berechtegt oder net.

© AFP

Dobäi ginn d’sozial Facteure wéi Kultur och hiren Deel mat. Wann ee sech dann de Film “Free Willy” ukuckt, huet een dach direkt ganz vill Sympathie de Walen an Orcae géigeniwwer, och wann dës vill méi grouss sinn ewéi de Mënsch. Bei “Arachnophobia” fält et engem scho méi schwéier, positiv Emotiounen de Spannen iwwer ze weisen.

© AFP

D’nächst Kéier, wann een dann ee Bild vun engem chinesesche Salamander gesäit, denkt ee villäicht e bëssen anescht iwwer dës Déieren.

Back to Top
CIM LOGO