Däneschen ZooPanda soll mat importéiertem Urin zu Reproduktioun beweegt ginn

RTL Lëtzebuerg
Bambus knaen amplaz sech reproduzéieren: D'Libido vum Panda Xing Er kënnt net a Schwong. Lo soll de Geroch vun aneren Aartekomeroden dat änneren.
Symbolbild
Symbolbild

Den Zoo zu Kopenhagen probéiert säi Panda-Männche mat ongewéinleche Methoden zur Reproduktioun z’animéieren. “Mir hunn Urin vun zwee anere Männercher an Europa importéiert”, sot den Direkter Mads Bertelsen der Noriichtenagence Ritzau. Den Urin hätt een a sengem Park versprëtzt, fir datt hien d’Gefill kritt, datt hie Konkurrenz huet, an sech da méi ustrengt.

Den Xing Er a seng Partnerin Mao Sun goufen dem Zoo an der dänescher Haaptstad geléint a liewen zanter 2009 zu Kopenhagen. Zanterhier hoffen d’Dänen op Panda-Nowuess. Allerdéngs ass den Zäitraum fir d’Reproduktioun relativ kleng: D’Weibche kann nëmmen eemol am Joer un e puer Deeg befrucht ginn.

Ausserdeem hätt den Xing Er bis ewell net richteg verstanen, wéi hien dat ustelle soll, esou den Direkter. D’lescht Joer hätt hie léiwer Bambus geknat, wéi sech un Mao Sun erunzemaachen. Mam Panda-Urin soll dat dann dës Kéier besser lafen. “Et ka sinn, datt dat de klengen Extra ass, deen néideg ass, fir datt hie sech reproduzéiere wëll”, sot de Mads Bertelsen.

Back to Top
CIM LOGO