
De Pit hätt a leschter Zäit net méi sou gutt bäigeholl a géif, souguer fir Panda-Verhältnisser, immens schléifreg wierken, huet den Zoo-Chef Ragnar Kühne. Den Experten no kéint d’Reaktioun op d’Mammemëllech eng méiglech Erklärung sinn, wisou de Pit manner hongereg ass.
An der Reegel trenne sech d’Weeër vu Panda-Mammen an hirem Nowuess no ronn 2 bis 4 Joer. An dësem Fall gouf sech drop gëeenegt, d’Panda-Bridder elo mol nuets vun der Mamm Meng Meng ze trennen.
Déi nei Situatioun bedeit, dass de Pit an de Paule mëttelfristeg hir eege Weeër goe wäerten a viraussiichtlech nach d’nächst Joer a China plënneren, seet den Zoo-Direkter Andreas Knieriem. En Datum steet nach net fest, et wier een awer scho mat de chinesesche Panda-Experten am Gespréich, fir déi ganz Plënneraktioun ze preparéieren.
De Pit an de Paule sinn den 31. August 2019 op d’Welt komm, den éischte Panda-Nowuess iwwerhaapt an Däitschland. D’Mamm Meng Meng an de Papp Jiao Oing sinn 2017 vu China op Berlin geplënnert. Ausgeléint op 15 Joer. Weltwäit ginn et dem Zoo no just nach ronn 1.860 ausgewuesse Pandaen, déi nach wëll an der fräier Natur liewen.