SpendenopruffParrainage fir en Déier aus dem Beetebuerger Park

RTL Lëtzebuerg
De Beetebuerger Park bleift wéinst der Covid-Pandemie bis op Weideres zou. Interesséiert Leit kënnen en Déiere-Parrainage maachen.

Deemno huet de Park net Ament keng Recetten duerch Gäscht am Park. Ma d’Déiere sinn awer nach ëmmer do a mussen natierlech och weiderhi gefiddert ginn - eng schwiereg Situatioun fir d’Déieren an déi ganz Ekipp aus dem Park.

Opruff fir e Parrainage

All finanziell Hëllef ass an Zäite wéi dëse wëllkomm. Aus dësem Grond huet de Beetebuerger Park eng Aktioun lancéiert, fir Suen ze sammelen, dat a Form vun engem Parrainage fir en Déier.

Persounen, déi Interessi hunn de Park an domat d’Déieren ze ënnerstëtzen, kënne ganz einfach e Mail op parc@parc-merveilleux.lu schécken.

PDF: Präislëscht fir en Déiere-Parrainage am Beetebuerger Park

Back to Top
CIM LOGO