Fluchhafen AmsterdamPassagéier wollten 300.000 Éilen aus Europa schmuggelen

RTL Lëtzebuerg
Déi hollännesch Grenzpolice huet am Gepäck vun dräi Persounen 105 Kilo kleng Fësch an Tute fonnt.
© NVWA

Um Amsterdamer Fluchhafe Schiphol ass d’Grenzpolice op zwee Männer an eng Fra opmierksam ginn, déi versicht hunn, aacht Wallisse mat honnertdausende Fësch dran duerch d’Sécherheetskontroll ze schmuggelen. Fir genee ze sinn: 105 Kilo lieweg kleng Éilen. Déi dräi Passagéier hu versicht, d’Fësch illegal iwwert den Amsterdamer Fluchhafen ze schleisen. Vun do aus wollte si weider a Richtung Portugal an dann a Malaysia fléien. An Asien sinn dës Fësch nämlech immens beléift, allerdéngs gëllt déi europäesch Éil-Populatioun als staark menacéiert.

Wéi et vun der Grenzpolice heescht, goufen déi dräi Persoune festgeholl. D’Déiere sollen elo an hollännesch Gewässer fräigelooss ginn.

Back to Top
CIM LOGO