Déier verlafPinguin aus der Antarktis schwëmmt 3.000 Kilometer op Neiséiland

RTL Lëtzebuerg
Et wier déi drëtte Kéier, datt en "Adéliepinguin" an Neiséiland gesi gouf. D'Déier hätt no senger ustrengender Rees fir d'éischt missen opgepäppelt ginn.

De Pinguin war op enger Plage vun der Hallefinsel Banks Peninsula vun Awunner gesi ginn, wéi dat neiséilännescht Portal Stuff an d’BBC mellen. Informatioune vun der neiséilännescher Vullen-Enzyklopädie “New Zealand Birds Online” no wier et eréischt déi drëtte Kéier zanterdeem opgeschriwwe gëtt, wéi eng Vulle gesi goufen, dass en “Adéliepinguin” vun der Antarktis Neiséiland erreecht huet.

Wisou de Pinguin, deen net fléie kann, sou wäit geschwommen ass, wier awer nach onkloer. Well d’Déier no der Rees bëssen ënnergewiichteg an dehydratéiert war, hätt e Flëssegkeet a Fësch-Smoothië krut. Op engem Video wierkt de Pinguin awer relativ monter. No sengem Openthalt an engem Fleegezenter zu Christchurch wier en e Freideg zréck an d’Natur gelooss ginn.

Viru senger Visitt hätt een der Enzyklopädie no 1962 de Kadaver vun engem “Adéliepinguin” zu Marlborough fonnt, 1993 hätt een e liewegt Exemplaire zu Kaikoura gesinn. Typesch fir de Pinguin wier ënnert anerem e wäisse Rank ëm d’A, deen op de Fotoen a Videoen vum Stuff-Portal gutt ze gesinn ass.

Back to Top
CIM LOGO