Vun Norwegen a KanadaPolarfuuss wandert iwwer 3.500 Kilometer a Rekordzäit

RTL Lëtzebuerg
76 Deeg huet e Polarfuuss fir ronn 3.500 Kilometer vu Norwegen eriwwer a Kanada gebraucht. An der Déierewelt bis ewell eng eemoleg Rees.
© AFP

Et ass awer leider nees e Beweis, wéi wäit en Déier ka goen, am wuertwiertleche Sënn, wann duerch d’Klima säi Liewensraum menacéiert ass. Den Arnaud Tarroux, Fuerscher vum Polar-Institut an Norwegen, warnt, dass ëmmer méi Déieren duerch de Mangel un Äis a Schnéi, ëmmer manner Méiglechkeeten hunn an enger hinnen ugepasste Regioun z’iwwerliewen.

De Polarfuss, deen am Juli 2017 mat engem Peilsender equipéiert gouf, hat d’Insel Spitzbergen - en Archipel an Norwegen - de 26. Mäerz 2018 verlooss. Den 1. Juli 2018, also 76 Deeg méi spéit, koum en op der Insel Ellesmere un, a Kanada. Dat si ganz genee 3.506 Kilometer.

Dat beweist, dass de Polarfuuss méi Ausdauer huet a méi rapid ass, wéi een et bis ewell fir méiglech gehalen hat. Et handelt sech beim Déier ëm en nach net emol ee Joer aalt Weibchen, dat op hirer éischter Wanderung war.

Wat zanterhier mam Fuusseweibche geschitt ass, ass net gewosst. De Peilsender funktionéiert zanter dësem Februar net méi.

Back to Top
CIM LOGO